Fir d'Buergermeeschtere vu Beetebuerg an Diddeleng kënnt dës Decisioun iwwerraschend, och wann ee sech kritesch zum Projet geäussert hat.

Et ass kee gutt Zeeche fir den Industriestanduert Lëtzebuerg, sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot, nodeems en Dënschdeg RTL-Informatioune confirméiert goufen. Och déi zoustänneg Buergermeeschtere sinn iwwerrascht.

Reaktiounen op Fage / Reportage Annick Goerens

Iwwer 4 Joer laang hunn d'Prozedure sech higezunn an elo zitt de Jughurts-Produzent sech zeréck. Enn lescht Woch hätt de Wirtschaftsminister e Bréif kritt. Doropshi goufen et en Méindeg an en Dënschdeg de Moien nach Negociatiounen am Ministère mat de Griichen, dat awer ouni Succès. Hinne wär den Reputatiounsschued fir hir Entreprise duerch déi rezent Diskussiounen definitiv ze grouss ginn, bedauert den Franz Fayot.

„Et ass net den éischte Projet, deen esou zeréckgezu gëtt. Deen hei war 4 Joer ënnerwee, dat ass vill ze vill laang fir esou ee Projet. Dat muss vill méi schnell goen. An dat hei ass sécher kee gutt Zeeche fir d'Credibilitéit vum Industriestanduert Lëtzebuerg. Dat ass Schued, well ech sinn iwwerzeegt, dass Lëtzebuerg weiderhin Industrie braucht, dass mer Industrie brauchen, déi um leschten technologesche Stand ass, déi sou ëmweltfrëndlech wéi méiglech produzéiert. An dat wär, souguer wann een net frou war mat Fage, hei de Fall gewiescht.“

Fir den Diddelenger Deputé-Maire a Sozialist Dan Biancalana kënnt dëse Réckzuch nach wärend der Commodo-Prozedur, iwwerraschend. Et hätt een als Gemeng zwar e kriteschen Avis zum Projet ofginn, ma dee wär och konstruktiv a favorabel gewiescht. Et bräicht och nei Aarbechtsplazen an den zwou nationalen Industriezone vun der Gemeng.

„Ech fannen, dass de Raum Diddeleng an och d'Regioun nei Aarbechtsplaze braucht an d'Industrie bitt do Perspektiven. An et ass och wichteg, wann de Staat den Terrain zeréckkritt, dass natierlech och do en neien Industrie-Projet och kënnt, wou och Aarbechtsplaze geschaaft ginn. Well et gesäit ee jo och op der anerer Säit, dass Guardian am Gaangen ass, Plazen drastesch ofzebauen, Arcelor och. Et ass also wichteg, dass weider un der Industriepolitik mat lokalem Impakt an mat nationalem Impakt geschafft gëtt.“

De Beetebuerger Schäfferot an d'Majoritéit am Gemengerot hätte sech scho ganz fréi ganz kritesch mam Projet ausernee gesat an hir Bedenken a puncto Nohaltegkeet vun der Jughurt-Fabréck geäussert. De Projet hätt einfach net an d'Gemeng gepasst an dofir wär een zwar iwwerrascht, mä net onglécklech, erkläert den CSV-Buergermeeschter vu Beetebuerg Laurent Zeimet.

„Ech denken, dass Entreprisen, déi sech wëllen zu Lëtzebuerg néierloossen, warscheinlech wäerte Froe stellen. An ech denken, dass et do Sënn géif maachen, dass mer iwwer eis Prozeduren nodenken, dass mer eis awer och Froe stellen, wéi mer an Zukunft wëlle virgoen, fir Entreprisen op Lëtzebuerg ze huelen. Et wär vläicht net onsënneg, sech verschidde Froen am Virfeld ze stellen an déi ze diskutéieren an aus dësem Fall Léieren ze zéien.“  

Wat den Terrain vu 15 Hektar ugeet, sou huet Fage dësen dem Staat zeréckverkaf. De griicheschen Investor mécht keng Plus-Value a kritt 30 Milliounen Euro zeréck, déi selwecht Zomme, déi och bezuelt gouf.