Ass mam Lift vu Stack zu Stack gefuerZu Déifferdeng huet d'Police e Mann wéinst Rebellioun festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie gouf d'Police an e Méifamilljenhaus op Déifferdeng geruff, well sech e Mann do aggressiv verhalen huet.

Méi Beamte koumen op d’Plaz a konnten de Mann, dee mam Lift tëscht de Stäck erop- an erofgefuer ass, no enger gewëssener Zäit stellen. Dobäi huet de Mann nach probéiert, ee Polizist mat engem Feierläscher unzegräifen. D’Attack konnt awer ofgewiert an den Ugräifer immobiliséiert ginn.

Nodeem hie vun engem Dokter kontrolléiert gouf, koum de Mann, fir säi Rausch auszeschlofen, an Arrest. E Protokoll wéinst Rebellioun gouf geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO