Dacks sinn et Schoulklassen, déi an hiren Uertschaften un dëser Aktioun deelhuelen. Domadder wëll een op d’Biodiversitéit an de Klimawandel opmierksam maachen.
Zu Kruuchten gouf d’"Echte Mehlbeere”, alisier blanc, geplanzt. 12 un der Zuel. Dëse Bam gëtt 10 Meter héich an ass resistent géint d’Dréchent. Bis zu 200 Joer al kann d’"Molbier” ginn.