Rettungshelikopter op der PlazZu Lëlz ass e Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Géint 15.30 Auer koum et zu Lëlz op der N27, bei der Kräizung mam CR314 zu engem uergen Accident.
© RTL Archivbild

Éischten Informatiounen no soll do e Foussgänger ugestouss gi sinn. De Rettungshelikopter gouf op d’Plaz geruff. D’Streck war bis op Weideres gespaart.

D’Rettungsekippe vum CGDIS waren donieft nach op zwee weider Accidenter en Dënschdeg geruff ginn.

Zu Viichten an der Useldenger Strooss ware géint 11.26 Auer e Bus an en Auto anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Nordstad a vu Réiden souwéi de Pompjeeë vu Viichten versuergt.

Donieft war en Auto kuerz no 15 Auer an der Lëtzebuerger Strooss um Briddel accidentéiert. Hei gouf et kee Blesséierten. D’Rettungsekippe Koplescht a Mamer waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO