25 Fäll op 100.000 AwunnerZu Lëtzebuerg infizéiere sech ëmmer méi Leit mat Syphilis

Roy Grotz
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet dat an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement bekannt ginn.
© Envato / Witsaruts

Well hei am Land - genee wéi an Europa - d’Fäll vu Syphilis iwwert déi lescht Joren zolidd geklomme sinn, lancéiert de Santésministère eng Präventiouns-Campagne fir iwwert sexuell iwwerdrobar Krankheeten opzeklären. Absënns déi Jonk sollen hiert Risikoverhalen bei sexuelle Kontakter op e Minimum reduzéieren.

Eleng 2023 goufen hei am Land 606 Syphilis-Patiente gezielt, wat bal en Drëttel méi ass, wéi d’Joer virdrun.
Mat knapp 25 Fäll op 100.000 Awunner huet Lëtzebuerg dem Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Lutte géint Krankheeten (ECDC) no deen héchste Ratio vu Syphilis an 30 ënnersichte Länner.

Ze soen ass, datt Syphilis-Fäll dem Gesetz vun 2018 musse gemellt sinn, sou datt eist Land am Géigesaz zu anere Länner e präzise System fir dës ustiechend Krankheeten huet. Et sinn awer och Verännerungen am Risikoverhalen, wéi z.B. eng Baisse am Gebrauch vum Kondom a méi verschidde Sexualpartner, déi zu enger Transmissiouns-Hausse vu sexuell iwwerdrobare Krankheete bäidroen, sou d’Santésministesch.

D’Martine Deprez weist awer och op d’anonym Depistagen hin, déi ëmmer méiglech sinn:
All Persoun ka bei de Planning Familial, den CHL, den LNS oder de CHEM goen, mat oder ouni Ordonnance, an sou en Test froen.

D’Äntwerte gëtt d’CSV-Ministesch dem Piraten Deputéierte Sven Clement, deen eng entspriechend parlamentaresch Fro gestallt hat.

Syphilis ass eng sexuell iwwerdrobar Krankheet, verursaacht duerch eng Bakterie. Wann d’Syphilis net behandelt gëtt, kann se zu schwéiere Schied un Organer wéi dem Häerz, Gehier an de Bluttgefäässer féieren. Fréi Erkennung an eng Behandlung mat Antibiotik kënne Syphilis heelen an d’Verbreedung vun der Krankheet verhënneren.

Link: Parlamentaresch Fro & d’Äntwert

Back to Top
CIM LOGO