Um Sonndeg ass den internationalen Dag vun de Fréigebuerten. Hei zu Lëtzebuerg kommen all Joers eng 450 Puppelcher ze fréi op d’Welt. Si ginn an der Kannerklinik vum CHL betreit a kréien Hëllef, well hir Organer zu deem Zäitpunkt nach net ganz entwéckelt sinn. D’Klinik ass op des Fäll preparéiert a kann op 8 Dokteren an iwwer 80 Infirmièren zréckgräifen.
Puppelcher, déi manner ewéi 1 Kilo 800 weien, kommen an d’Couveuse. Hei kréie si déi néideg Soinen.
16 Better stinn an der Kannerklinik zur Verfügung. An der Moyenne bleift e Puppelchen, deen ze fréi op d’Welt koum, eng 78 Deeg am Spidol.