D'Police melltZu Rodange an Ëlwen goufen Autoen opgebrach

RTL Lëtzebuerg
Nieft den Abréch an Haiser ginn et och reegelméisseg Fäll, wou Autoen opgebrach ginn an da Saache geklaut ginn.
© Philippe Turpin / Photononstop via AFP

Sou och en Donneschdeg den Owend an der Rue de l’Industrie zu Rodange, wou zwee Gefierer opgebrach goufen. Ob eppes geklaut gouf, preziséiert d’Police net.

An der Nuecht op e Freideg gouf dann an der Groussgaass zu Ëlwen en Auto opgebrach. Hei gouf éischten Informatiounen no Boergeld an eng Bankkaart geklaut.

D’Police mécht de Rappell, wéi ee sech virun esou Déifställ schütze kann.

Back to Top
CIM LOGO