
E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg hu sech zu Sandweiler “Am Haaptgaart” bis ewell onbekannten Täter Accès zu engem Haus verschaaft, e puer Schief duerchwullt a sinn dunn mat de geklaute Saache fortgelaf. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz.
En Donneschdeg de Moie géint 20 op 3 gouf et dann nach e weideren Abroch an der Rue Dicks-Lentz zu Uewerkuer. Och hei hat en Onbekannte sech wuel Zougang verschaaft, dës Kéier an e Café. Éischten Informatiounen no gouf hei awer näischt geklaut.
A béide Fäll lafe momentan d’Ermëttlungen.