Kontrovers am WalkampfZu Veianen regéieren, am Ausland residéieren?

Marc Hoscheid
Am Moment gëtt am Our-Stiedchen doriwwer diskutéiert, ob verschidde Kandidaten nëmme pro forma an der Gemeng ugemellt sinn. Et dierft zu Plaintë kommen.
© Marc Hoscheid

An de leschten Deeg a Wochen war et op Facebook zu Diskussiounen doriwwer komm, ob all d’Kandidaten och wierklech zu Veianen wunnen. Dorop ugeschwat, erkläert de Veianer Buergermeeschter Claude Tonino, datt och hien duerch Facebook op de Sujet opmierksam gi wier.

© Marc Hoscheid

Et géing ëm zwee bis dräi Kandidate vun der Ekipp “No beim Bierger” goen, déi an Oppositioun zu senger Ekipp “Fir en stoerkt Veianen” steet Et géifen entspriechend Schrëtt an d’Weeër geleet.

Kontrovers am Walkampf: Zu Veianen regéieren, am Ausland residéieren?

“Ech mengen et ass ganz kloer, wann een éierens net ugemellt ass a sech do opsetzt, ass dat strofbar a wann een do ugemellt ass, an awer net do wunnt, ass dat och strofbar. Voilà, da muss een eben déi Prozeduren uwenden a méi ass dat net. Dat ass jo och net déi éischte Kéier wou sou eppes ass. Ech menge mir haten de Fall nach d’lescht Joer zu Réimech am Oktober, wou Kontrolle waren.”

Virun allem de François Weyrich, Patron vun engem Veiner Daachdeckerbetrib, steet am Fokus. Him gëtt virgeworf, am Fong zu Körperich an Däitschland ze wunnen a just zum Schäin zu Veianen ugemellt ze sinn. Hie streit och net of, een zweete Wunnsëtz an Däitschland ze hunn, ma géing sech awer an éischter Linn zu Veianen ophalen. Hien huet eng kloer Meenung zum Thema.

“Ech fannen do ass et zemools um Bierger, dee ka jo och bestëmmen, datt e seet, deen do, deen ass net méi vun hei, dat ass kee Stackveiner, dee wëlle mer net, da soll de Bierger entscheeden, domat wier de Problem gereegelt. Wa lo dee jëtzege Gemengerot mengt, e misst anescht virgoen, ass dat ee kloert Zeechen, datt se Angscht hunn.

© Marc Hoscheid

Sollten déi zwee bis dräi viséiert Kandidaten an de Gemengerot gewielt a spéider disqualifizéiert ginn, hänken d’Konsequenze vum Zäitpunkt of. Gi se virun der Vereedegung disqualifizéiert, réckelen déi Nächstgewielten no, ass et no der Vereedegung, misst zu Veianen nei gewielt ginn, well an enger Majorzgemeng net méi wéi ee Sëtz fräi duerf sinn. De Claude Tonino an de François Weyrich sinn iwwregens béid an der Veianer Musek a sëtzen do niefteneen. Deemno wéi kéint et no de Walen also alt mol zu schifen Téin kommen.

Déi wichtegst Themen am Walkampf

Zanter 2019 ass déi Veianer Schwämm zou. Deemools war et zu engem Tëschefall komm, dono hat d’ITM Defiziter festgestallt an de Betrib gouf no der Saison agestallt. Een neie Projet am Wäert vun 18 Milliounen Euro, vun deenen de Staat d’Hallschent iwwerhuele soll, läit um Dësch. D’Ekipp “No beim Bierger”, déi néng Memberen huet, dorënner de François Weyrich, kritiséiert, datt d’Schwämm zanter véier Joer zou ass. Si wëllen d’Schwämm, a méi klenger Form, scho rëm d’nächst Joer opmaachen.

Ee Joer méi spéit wéi d’Schwämm huet de Kloterpark seng Dieren zougemaach. Och dat aus Sécherheetsgrënn, eng Partie Beem war an engem schlechten Zoustand. Et ass och net geplangt, dëse rëm opzemaachen, au Contraire, aktuell gëtt de Park ofgebaut. Dem Buergermeeschter Claude Tonino vun der Ekipp “Fir en stoerkt Veianen” mat hire siwe Memberen no, hätt een no engem neie Bedreiwer gesicht, awer kee fonnt. Et wier och net d’Aufgab vun der Gemeng, ee Kloterpark ze bedreiwen. D’Besicherzuelen wieren zudeem an de leschte Joren zeréckgaangen an et hätt Kritik vun der Forstverwaltung ginn, well de Park an enger Natura-2000-Zone louch. De François Weyrich kritiséiert, datt de Kloterpark net besser ënnerhale gouf.

Och iwwert d’Zukunft vum historesche Kär vu Veianen gëtt diskutéiert. De François Weyrich kritiséiert d’Parkplazsituatioun, bei där een 12 Joer hannendra wier. Hie bezitt sech domat op de Projet vun engem Parkhaus mat ronn 120 Stellplazen, dee virun enger hallef Dose Joren um Parking Neipiertchen an der Grand-Rue realiséiert sollt ginn, ma spéider verworf gouf. Duerch den Ëmbau vum fréieren Altersheim zu enger Jugendherberg wieren op dëser Plaz iwwerdeems Parkplaze verluer gaangen. De Claude Tonino hält deem entgéint, datt an deene leschten dräi Joer 130 nei Parkplaze geschaaft gi wieren. D’Stad mat hire ronn 2.200 Awunner hätt domat eng 1.000 Parkméiglechkeeten. Et wier och nach geplangt weidere Parkraum an ee Parkleitsystem ze realiséieren.

Wat d’Geschäftswelt ubelaangt, ass ee sech eens, datt ze vill Geschäftslokaler eidel stinn. De Claude Tonino wëllt d’Uertschaft duerch eng méi “aktiv Mobilitéit” méi attraktiv ze maachen. Sou soll beispillsweis an der Ieweschtgaass eng 30er-Zone ageriicht ginn. De François Weyrich setzt op Galerien aus de Beräicher Konscht a Konschthandwierk.

Back to Top
CIM LOGO