Sozialplang bei der SESZuel vu betraffene Leit konnt a Verhandlunge reduzéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
E battere Bäigeschmaach géif bleiwen, well virgesinn wier, dass verschidde Personaldelegéiert, a souguer Delegatiounspresidenten hir Plaz solle verléieren.

Enn Mee koum jo d’Annonce, dass bei der SES 10 bis 15% vun de Mataarbechter wäerten ofgebaut ginn. Et ass Deel vun engem Spuer- a Restrukturatiounsplang beim Satellitte-Bedreiwer. Och de Siège hei zu Lëtzebuerg géif vun där Mesure net verschount bleiwen.

An den Negociatiounen ëm e Sozialplang, déi de 25. Juni ugefaangen hunn, wier et de Gewerkschaften OGBL an LCGB awer scho gelongen, d’Zuel vu betraffene Leit ze reduzéieren.

An awer géif e battere Bäigeschmaach bleiwen, well virgesinn wier, dass verschidde Personal-Delegéiert, a souguer Delegatiounspresidenten hir Plaz solle verléieren. Dat wier fir d’Syndikater inacceptabel, heescht et an engem Schreiwes, well grad déi Leit viru Licenciementer protegéiert wieren, fir d’Interête vum Personal ze verdeedegen.

PDF: Schreiwes vun de Gewerkschaften

Back to Top
CIM LOGO