
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf et en Abroch an en Haus an der Rue de Dangé Saint Romain zu Mamer. Hei haten d’Brigange sämtlech Zëmmer duerchsicht an eng Partie Saache geklaut.
E weideren Abroch gouf et dann an der Rue de Wormeldange zu Gonnereng. Hei hunn d’Täter éischten Informatiounen no Boergeld geklaut.
D’Police huet a béide Fäll eng Enquête an d’Weeër geleet.
Um Internetsite vun der Police fannt Dir eng Partie Rotschléi, fir Iech virun Abréch ze schützen.