
Um fréien Dënschdegmoie war eng Patrull wéinst engem Abroch an e Café an d’Stroossbuerger Strooss an de Garer Quartier geruff ginn. Op der Plaz hunn d’Beamte festgestallt, datt d’Entréesdier ageschloe war a Boergeld geklaut gouf. Am Kader vun enger Sich nom dem oder den Täter konnt ee Verdächtege gepëtzt an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Och d’Spueresécherung war op der Plaz.
E Mëttwoch de Moie koumen iwwerdeem zwee Verdächteger virun den Untersuchungsriichter, déi no engem Abroch zu Recken op der Mess festgeholl gi waren. Deemno war d’Police kuerz virun 18 Auer en Dënschdegowend an d’Rue des Trois Cantons geruff ginn, nodeems d’Brigangen an en Haus agebrach waren an do vun den Awunner iwwerrascht goufen. D’Abriecher, déi a Richtung Gare geflücht waren, konnten awer am Kader vun enger Sich fonnt a festgeholl ginn. Bei engem vun den Täter goufe geklaute Géigestänn fonnt, deen zweeten hat Droge bei sech.