Ee Verdächtege war mannerjäregZwee Abriecher zu Steesel gepëtzt, ee festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien koum et zu engem versichten Abroch an der Rue des Bouleaux zu Steesel.
© RTL Archivbild

Eng Policepatrull ass op d’Plaz kucke gefuer an huet am Kader vun enger Sichaktioun zwee Verdächteger net wäit vun der Abrochplaz gestallt. Bei der Kontroll hunn d’Beamte bei engem vun hinnen e Schlëssel vun enger Dier fonnt. Dëse war vun engem aneren Abroch an der Rue des Près zu Steesel.

Op Uerder vum Parquet gouf ee vun de Verdächtege festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Den zweete Verdächtege huet seng Personalien misse matdeelen. Wéi d’Police präziséiert war dës Persoun réischt 12 Joer al.

Back to Top
CIM LOGO