CGDISZwee Accidenter mat véier Blesséierten am Laf vum Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident, en Donneschdegowend géint 20.43 Auer tëscht Angelsbierg an der Fiels.

Do ass en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Wéi et vun der Police heescht, ass de Chauffer dobäi schwéier blesséiert ginn. Den Ettelbrécker Samu an d’Secouristen aus der Fiels a vu Fëschbech waren hei am Asaz an hunn de Mann an e Spidol bruecht.

Tëscht dem Roudenhaff a Rodange war kuerz virdrun och en Auto accidentéiert. Hei gouf den automateschen E-Call am Won declenchéiert, deen d’Secouriste vun Diddeleng a Suessem-Déifferdeng op d’Plaz geruff huet. Dräi Leit ware beim Accident blesséiert ginn.

D’Police mellt iwwerdeems nach en Accident vun en Donneschdegnomëtteg op der Route de Petange zu Nidderkuer, wou en Auto géint e geparkt Gefier gerannt ass. Beim Chauffer, deen dobäi blesséiert gouf, huet sech erausgestallt, datt dëse mannerjäreg war an domadder kee Permis. Hie gouf protokolléiert.

E Freidegmoien um 9.43 Auer gouf et dann nach en Accident zu Béiweng an der Rue Aloyse Weber, wou zwee Gefierer aneneegerannt sinn. Och hei gouf et eng blesséiert Persoun. D’Rettungsekippen aus der Stad a vum Réiserbann waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO