NidderkuerZwee Autoe rennen a Rond-point aneneen, Chauffer hat wuel Malaise gemaach

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg kuerz virun 11 Auer koum et an engem Rond-point zu Nidderkuer zu engem Accident mat zwee Gefierer.
© Domingos Oliveira

Geschitt ass dat Ganzt um Rond-point tëschent der Rue Pierre Gansen an der Avenue de la Liberté. Wéi et vun der Police heescht, géif de Virfall drop hindeiten, datt ee vun de Chauffere wuel e Malaise gemaach hat an doropshi mat engem anere Gefier kollidéiert ass. Säi Gefier ass dobäi an der Verkéiersinsel gelant. De Mann koum an d’Spidol an d’Strooss war temporär gespaart. Am Asaz waren d’Rettungsekippe vun Esch a vu Suessem-Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO