PoliceZwee Automobiliste ware mat 200km/h ënnerwee, erlaabt war awer just 110
An der Nuecht op e Mëttwoch waren op der A13 a Richtung Péiteng op der Héicht vun der Opfaart Suessem zwee Automobilisten ze séier ënnerwee.
Si si mat 200km/h amplaz vun den erlaabten 110 gefuer. Béid Automobiliste goufe gestoppt a kruten e provisorescht Fuerverbuet.