Um MëttwochnomëttegZwee Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Mëttwochnomëtteg huet et op zwou Plazen op eise Stroosse geknuppt.

Géint 14.35 Auer hu sech op der B7 tëscht Ettelbréck an Angelduerf zwee Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Nordstad hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Ronn zwou Stonnen drop ass dann op der N8 tëscht Sëll a Bruch en Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vu Réiden an d’Pompjeeë vun Tënten waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO