
Géint 18.40 Auer goufen d’Ambulanciere vu Jonglënster an d’Pompjeeë vu Mensder an d’Route de Luxembourg op Rued-Sir geruff. Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech zwee Autoen ze pake kruten.
Kuerz no 19 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech um CR158 op der Kockelscheier en Auto iwwerschloen huet. D’Pompjeeë vum Réiserbann an d’Ambulanciere vu Beetebuerg waren hei op der Plaz.