Zwee Accidenter op selwechter PlazZwee Blesséierter bei Kollisioun um Schinker, Air Rescue am Asaz

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren en Dënschdeg de Mëtteg op dräi verschidden Accidenter geruff ginn. Op enger Plaz hat et zwee Mol bannent dräi Stonne geknuppt.
© Air Rescue

Kuerz virun 12.30 Auer waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad op Hollerech an d’Rue de la Semois geruff ginn, nodeems hei e Cyclist vun engem Auto ugestouss gouf. De CGDIS preziséiert an hirem Bulletin, datt de Cyclist net beim Accident blesséiert gouf.

Annerhallef Stonn méi spéit hat et dann eng éischte Kéier op der RN07 um Schinker geknuppt. Hei waren zwee Autoen anenee gerannt. Bei der Kollisioun goufen zwou Persoune blesséiert, déi vun der Air Rescue an dem Samu-Noutdokter versuergt goufen. Donieft waren d’Rettungsekippe vu Housen a Pëtschent op der Plaz.

Keng dräi Stonne méi spéit goufen d’Ambulancieren an d’Pompjeeë vun Housen nach eng Kéier op de Schinker geruff, nodeems hei en Auto an e Bam gerannt war. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO