A4 a Richtung EschZwee Blesséierter no Kollisioun mat méi Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg op der A4 an Direktioun Esch-Uelzecht zu enger Kollisioun tëscht e puer Ween, bei där zwee Mënsche blesséiert goufen.
© RTL

Méi genee hat et géint 20.51 Auer op der Héicht vun der Sortie Esch-Lalleng tëscht de Ween geknuppt. Zwou Persoune goufe blesséiert a vun den Ambulanciere vun Esch versuergt.

Donieft waren och d’Pompjeeë vun Esch, grad ewéi vu Monnerech a Schëffleng um Asaz.

Accident um Dënschdegmoien

En Dënschdeg de Moie waren d’Rettungsdéngschter wéinst enger Kollisioun tëscht zwee Autoen um Boulevard Paul Eyschen um Lampertsbierg geruff ginn. Och hei gouf et zwee Blesséierter. D’Rettungsekippen aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO