CGDISZwee Blesséierter no Kollisioun tëscht Camion an Auto beim Tunnel Houwald

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem Bulletin vum 112 ervirgeet, koum et e Freideg den Owend zu engem Accident op der Héicht vum Tunnel Houwald.
© RTL Archivbild

Géint 18.45 Auer hate sech op där Plaz e Camion an en Auto ze pake kritt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Méi Detailer sinn net gewosst.

Op der Plaz waren d’Rettungsservicer souwéi d’Pompjeeën aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO