Rëmeleng an NidderfeelenZwee Foussgänger en Dënschdeg ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am fréien Owend waren d'Rettungsekippe vum CGDIS op zwee verschidden Accidenter geruff ginn, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gi war.
© Laurent Weber / RTL

Zu Rëmeleng an der Grand-Rue war en éischte Foussgänger géint 17.12 Auer vun engem Auto ugestouss. Déi verletzt Persoun gouf vun den Ambulanciere vu Keel versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Rëmeleng op der Plaz.

Fir d’Pompjeeë vu Feelen an d’Ambulanciere vum Zenter Nordstad gouf et en änlechen Asaz kuerz no 18 Auer. Hei krut en Auto eng Persoun an der Route de Bastogne zu Nidderfeelen ze paken. Och dës gouf beim Accident blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO