
Ee Foussgänger gouf vun engem Auto erfaasst a blesséiert. Eng Ambulanz aus der Nordstad huet sech ëm de Blesséierte gekëmmert.
E Mëttwoch de Moie war et och an der Stad schonn zu esou engem Accident komm. Ee Foussgänger gouf hei géint 8.10 Auer blesséiert, wéi en Auto hien an der Rue Notre-Damz ze pake krut.
Géint 16.25 Auer gouf et dann och nach een Accident zu Hesper an der Route de Thionville, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Eng Ambulanz aus der Stad gouf op d’Plaz geschéckt.
Um CR170 tëscht Schëffleng a Lalleng hat et scho géint 8.10 Auer gerabbelt, wéi zwee Autoen aneneegerannt sinn. Och hei gouf et ee Blesséierten. Um Contournement zu Jonglënster war et dann nach géint 9.40 een Auto, dee mat engem Géigestand kollidéiert ass. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.