Bei de Vereenten Natiounen zu New YorkZwee Jugend-Delegéierter aus Lëtzebuerg vertrieden d'Interesse vun de Jonken

RTL Lëtzebuerg
All Joers ginn zwee Jugend-Delegéierter erausgesicht, fir d’Besoinen an d’Interesse vun de Jonken zu Lëtzebuerg bei de Vereenten Natiounen ze vertrieden.
© UNYD

Zwee Jugend-Delegéierter aus Lëtzebuerg vertrieden d’Interesse vun de Jonken

Am Kader vum UN Youth Delegate Programm kommen dann aus all Memberstaat vun der UN am Oktober d’Jugendvertrieder beieneen, fir iwwert déi Sujeten ze diskutéieren, déi di Jonk beschäftegen.

De Jonken zu Lëtzebuerg nolauschteren an hier Stëmm um internationale Parquet vertrieden: Dat ass nach bis Enn Mäerz d’Missioun vum Georg. Hie war nämlech elo fir ee Joer zesumme mat senger Kolleegin Laura UN-Jugend-Delegéierten. Eng Aufgab déi him um Häerze läit:

“Et war mir schonn ëmmer wichteg, fir meng Matmënsche Verantwortung ze iwwerhuelen. An ech hunn et eben als grouss Chance gesinn op engem globalen Niveau de Jugendleche vu Lëtzebuerg eng Stëmm ze ginn.”

D’Missioun vum UN-Jugend-Delegéierten dauert genee ee Joer. An enger éischter Consultatiounsphas geet et drëms, sech fir d’éischt ee Bild vun de Besoinen a Suerge vun deene Jonken ze maachen:

“An do geet et drëms, dass een dann am ganze Land ronderëm reest a bëssen a Schoule geet a Jugendhaiser an do mat Jonke leit schwätzt a probéiert e bëssen erauszefannen, wat sinn da grad déi Suergen, wat sinn d’Hoffnunge vun de Leit, Preoccupatiounen a Propositiounen awer och.”

Mat deenen Andréck geet et dann op grouss Rees op New York, wou een da wärend enger Woch an d’Welt vun der Diplomatie andauche kann. Zesumme mat anere Jugend-Delegéierten aus de verschiddene Länner kënnt een an der UN zesummen, fir iwwert déi Saachen ze diskutéieren, déi déi Jonk beschäftegen. An Zäiten, an deenen déi international Kooperatioun net méi esou selbstverständlech ass, huet dës Experienz dem Georg awer Hoffnung ginn:

“Also wat mir mega Hoffnung ginn huet ass och déi Zesummenaarbecht mat Jugend-Delegéierten aus ganz vill verschiddene Länner. Mir haten zum Beispill zu New York mat 50 Jugend-Delegéierten aus der ganzer Welt eng Deklaratioun geschriwwen.”

Déi politesch Decideure vun haut misste genee dës Kooperatioun erhalen. Dowéinst ass et och dem Georg no esou wichteg, déi nächst Generatioun mat anzebannen:

“Lauschtert net nëmmen no fir eng Foto op de soziale Medien ze poste mee lauschtert no fir dat wierklech an är Aarbecht och mat ze integréieren. Well mir musse vun enger Participatioun vun de Jugendlechen op eng Integratioun vun de Jugendlechen an dëse Prozesser kommen.”

Dëst wier virun allem wichteg, fir dass et eben net just beim Nolauschtere bleift, mee fir dass déi Jonk aktiv an der politescher Aarbecht matmaache kënnen.

Déi nächst Jugend-Delegéiert stinn dann och schonn an de Startlächer fir hier Chargë vum Abrëll un opzehuelen. Méi Informatiounen zum Programm fënnt een op jugendrot.lu

Back to Top
CIM LOGO