An der StadZwee Männer hu rebelléiert, zwee Poliziste goufe liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg krut d'Police gemellt, dass an der Stad ee Mann d'Passante mat engem Messer géif menacéieren.

Op der Plaz ukomm, hunn d’Beamten zwee Männer missen immobiliséieren, well si sech net berouege gelooss hunn. Si hu rebelléiert an zwee Poliziste sinn dobäi liicht blesséiert ginn. Ee Beamte krut esouguer eng Doudesmenace. Béid Männer koumen an Arrest, d’Messer gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO