
Am Kader vum Recherche-Programm FAST goufen zwou Persounen an Däitschland verhaft, déi vun de Lëtzebuerger Autoritéite gesicht goufen. Dat deelt de Parquet mat.
Eemol konnt zu Tréier en 43 Joer ale Lëtzebuerger gepëtzt ginn, dee wéinst Escroquerie a faux et usage de faux am September 2022 zu 4 Joer Prisong verurteelt gi war. Dës Persoun hat sech als diploméierte Psycholog an als Affekot ausginn, ouni dat studéiert ze hunn.
Da gouf e 40 Joer ale Serb verhaft, deen zënter 2015 gesicht gëtt wéinst versichtem Doudschlag. Dës Persoun hat zu Esch hiert Affer mat engem Baseball-Schléier geschloen. Si riskéiert eng Prisongsstrof vun tëscht 20 an 30 Joer.
D’Verhaftung war an Hessen.
Wéi d’Police matdeelt, huet d’Sektioun “Répression du grand banditisme” vun der Police judiciaire déi gesichte Persounen ermëttelt.
D’Lëtzebuerger Justiz hätt europäesch an international Haftbefeeler géint déi gesichte Persounen ausgestallt a bei der Enquête mat de Justiz- a Policeautoritéite vu verschiddenen Ost- a Südeuropäesche Länner kooperéiert.
Déi zwee presuméiert Täter goufe virun e puer Deeg mam Fliger op Lëtzebuerg bruecht. D’Dossiere leie beim Untersuchungsriichter.