
Géint 4.30 Auer hate sech deemno zwee Autoen ze pake kritt. Nieft de lokale Secouriste vu Réiden a Stengefort war och de Samu op der Plaz..
Eng aner Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et nach e Sonndeg géint 16.40 Auer zu Bouneweg an der Route de Thionville. Hei ass kengem eppes geschitt.
Géint 20.30 Auer e Sonndeg den Owend gouf de Rettungsdéngscht op Béigen bei Klierf geruff wéinst engem Zëmmerbrand. D’Klierfer Pompjeeën an hir Kolleege vu Wëntger hu geläscht. Et blouf beim Materialschued.