4. Episod vum neie Podcast op RTL: "Exit! an elo?"Zweet Well ka verhënnert ginn - Wéi gëtt de Verlaf vun der Epidemie simuléiert?

Pierre Weimerskirch
Lauschtert déi 4. Episod vum Podcast "Exit! an elo?" op RTL.lu.

Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn. D'Zuelen hätte sech an de leschten Deeg ganz positiv entwéckelt an d'Simulatioune vu Research Luxembourg wiere villverspriechend.

Et misst awer weiderhin e kollektiven Effort gemaach ginn, esou den Alexander Skupin, Biophysiker beim Lëtzebuerger Institut fir systemesch Biomedezin am RTL-Podcast Exit! An Elo?

40 Fuerscher aus Lëtzebuerg schaffen den Ament u Simulatiounen, wéi de weidere Verlaf kéint ausgesinn. D'Modelléierunge ginn duerch nei Erkenntnisser ëmmer méi Präzis.

Den Alexander Skupin (1)

D'Leit hätte sech gutt un déi nei Situatioun ugepasst a géife sech gréisstendeels un d'Reegelen halen, wat eng Erklärung wier, wisou d'Zuel vun Nei-Infizéierten den Ament esou niddereg wier.

Den Alexander Skupin (2)

De ganze Podcast mat zousätzlechen Detailer zu de Simulatiounen a wéi se entstinn, fannt Dir ënnert podcast.rtl.lu.

Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn.

Eng Episod verpasst?

Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.

"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.

Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.

LINK: Hei geet et bei d'RTL-Podcasten!

Back to Top
CIM LOGO