3. Episod vum neie Podcast op RTL: "Exit! an elo?"Zweet Well verhënneren - Duerch d'Teste méi séier wéi de Virus

Pierre Weimerskirch
Lauschtert déi 3. Episod vum Podcast "Exit! an elo?" op RTL.lu.

Wat bréngt et, breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.

De Virus wäert eis net de Gefale maachen an einfach verschwannen, dat sot de CEO vum Luxembourg Insitute of Health Ulf Nehrbass. Mir mussen elo léieren, mat dëser Situatioun ze liewen.

Ob et eng zweet Well gëtt, géif vun eis ofhänken. Fir esou normal wei méiglech kënnen duerch den Alldag ze goen, misst een Infektiounsketten, esou séier et geet, ënnerbriechen.

Zu Lëtzebuerg kënne geschwë bis zu 20 Dausend Tester op de Coronavirus gemaach ginn. Den Dag.

Wat hannert dëser Test-Strategie stécht diskutéiere mer zesumme mam CEO vum LIH am 3. Episod vum Podcast Exit! An elo?

Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.

Eng Episod verpasst?

Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.

"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.

LINK: Hei geet et bei d'RTL-Podcasten!

Back to Top
CIM LOGO