
Éischten Informatiounen no hätten hei dräi Männer en anere Mann op de Buedem gestouss an him duerno seng Sue geklaut. Am Kader vun enger Enquête, konnten zwee vun den dräi Verdächtege gestallt ginn. Alle béid goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
Iwwerdeems gouf bannent de leschte Stonnen op e puer Plazen agebrach.
Um Mëttwochowend ass e Brigang an en Haus an der Rue de Kehlen zu Keespelt agedrongen. Hie gouf allerdéngs vun engem Bewunner iwwerrascht an ass geflücht, ouni eppes ze klauen. Dat nämmlecht war an der Nuecht op en Donneschdeg zu Chrëschtnech de Fall. A béide Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.