Abroch a Kierch zu TrëntengZwou gëlle Krounen a Boergeld geklaut, Täter onbekannt

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 5. Abrëll 14 Auer an dem 6. Abrëll 17.30 Auer koum et zu Trënteng an der Rue de l’Église zu engem Abroch.

Wéi d’Police matdeelt, goufe souwuel Suen, wéi och zwou gëlle Krounen aus dem Gotteshaus geklaut. Bei de Krounen handelt et sech genee ëm déi Objeten, déi och op der Foto vun der Police ze gesi sinn.

© Police

An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Indicen. Leit, deenen eppes Verdächteges opgefall ass oder soss wichteg Informatiounen hunn, solle sech beim Policebüro Réimech/Munneref mellen, dat iwwer Telefon um (+352) 244 77 1000 oder per E-Mail op Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO