PoliceZwou Persoune bei Accident tëscht Stengefort an Habscht schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt 2 schwéier Blesséierter bei engem Accident e Freideg den Owend kuerz no 21.30 Auer tëschent Stengefort an Habscht.

De Chauffer vun engem Auto hat an enger Kéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op där anerer Stroossesäit frontal géint e Bam gerannt. Hien an d’Bäifuererin koume schwéier blesséiert an d’Spidol. Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv, hie krut de Permis ofgeholl.

Zu Rodange gouf e Freideg den Owend géint 18.15 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. De Foussgänger koum blesséiert an d’Spidol. An nach eemol ee Blesséierte bei engem Accident an der Nuecht op e Samschdeg géint 3.30 Auer am Neiduerf an der Stad.

D’Nout- a Rettungsdéngschter mellen awer och nach en Accident mat engem Blesséierten de Samschdeg de Moie fréi. Kuerz virun 5.30 Auer waren op der Diddelenger Autobunn 2 Autoen aneneegerannt, tëschent dem Gaasperecher Kräiz an dem Rond-point Gluck.

Back to Top
CIM LOGO