
Hëtztwellen ginn ëmmer méi heefeg an daueren och ëmmer méi laang, dofir wier et elo héich Zäit déi néideg Léieren aus der leschter Canicule ze zéien a geziilt Moossnamen z'ergräifen, sou déi Gréng op enger Pressekonferenz en Donneschdeg.
Konkret huet d'Oppositiounspartei ee 5-Punkten Aktiounsplang presentéiert, fir kuerz- a laangfristeg méi effikass op d'Hëtzt ze reagéieren an d'Leit och besser virun den negative Konsequenzen vun den héijen Temperaturen ze schützen.
Ënnert anerem proposéiere si méi Subsiden, fir d'Gemengen, an awer och d'Privatleit, bei der Begréngung an der Entsiggelung vun den ëffentleche Plazen oder och de Virgäert ze ënnerstëtzen. Och sollen an engem Investitiounsprogramm méi Schutz-Moossname géint d'Hëtzt fir ëffentlech Gebaier wéi Schoulen, Spideeler an Altersheemer virgesi sinn.
Alleguerten d'Mesuren sollten dann och an engem nationale Schutzplang géint d'Hëtzt festgehale ginn: Esou wéissten déi ëffentlech Acteuren an awer och d'Privatleit am Viraus, wéi eng Schutzmoossnamen bei wéi engen Temperature solle gëllen.