Reform vum Droit d’établissementTrotz Scholden sech nach emol "trauen" - Seuilen solle eropgesat ginn

François Aulner
D'Reform proposéiert och, fir an Aklang mam fräien europäesche Marché ze sinn, datt e Gerant an Zukunft net méi physesch muss um Lëtzebuerger Territoire sinn.
© ENERGIE

Reform vum Droit d’établissement - Reportage François Aulner

Wann ee Faillite gemaach huet an ee sech nach emol wëll "trauen", wäert ee kënnen nach méi Scholden hunn. Dat ass eng vun den Haaptännerunge bei der Reform vum Droit de l’établissement, déi ufanks dës Mounts an der Chamber deposéiert an de Wirtschaftsminister Lex Delles en Donneschdeg de Mëtteg virun der Presse präsentéiert huet.

No der Reform vun 2023 huet d'Nouvelle Chance virgesinn, datt wann een eng nei Autorisation d’établissement wollt kréien, een en Accord vun der Steierverwaltung, der Sécurité Sociale an dem Enregistrement huet missen hunn, wann een nach Scholde bei hinnen hat, déi iwwert e gewësse Seuil louchen. Wann d'Reform gestëmmt gëtt, ginn déi Seuilen e Krack erop.

De Lex Delles huet et esou erkläert: wann ee Faillitte gemaach huet, huet ee missen als Salarié schaffe goen, fir seng Schold ofzeschaffen bis ee sech konnt nees lancéieren. No der Reform war de Seuil bei 1% ze niddreg, dowéinst wëll d'Regierung deen elo op 25% oder 15% eropsetzen a Funktioun vun den Ëmstänn vun der Faillite.

© Screenshot

D'Reform proposéiert dann och, fir an Aklang mam fräien europäesche Marché ze sinn, datt e Gerant an Zukunft net méi physesch muss um Lëtzebuerger Territoire sinn. Dobäi kommen eng Rei Aktivitéiten, déi keng spezifesch Qualifikatioun verlaangen oder Normen am Beräich vun der Lutte géint de Blanchiment mussen erfëllen, net méi musse gréng Luucht ginn, fir kënnen unzegoen: eng Notifikatioun wäert duergoen an den Dossier géing bannent 3 Méint kontrolléiert ginn.

D'lescht Joer huet een, dee sech getraut huet, am Duerchschnëtt 6,6 Deeg misse waarden, fir datt seng Demande traitéiert ass.

Ëmmer méi Livreuren?

De Lex Delles huet en Donneschdeg och de Bilan an der Matière gezunn: Zejoert goufen et ronn 12.500 Demanden fir eng Autorisation d’établissement, eng gutt Dose manner just ewéi dat Joer virdrun. D'Zuel un éischten Demanden oder éischte Kreatiounen un Entreprisen ass iwwerdeems vu 5.700 op 6.800 geklommen. Gedroe gouf d’Hausse haaptsächlech vum Commerce: iwwer 5.100. Ëmmerhi waren awer och bal 2.000 Kreatiounen am Handwierk.

Déi iwwerraschend héisch Zuel un neie Kreatiounen am Bausecteur géing ënnert anerem dorobber zeréckzeféieren sinn, datt zum Beispill och Leit, déi den Entretien vu Gebaier maachen, dorënner falen. An d'Kategorie Commerce falen och d'Livreuren, déi selbstänneg ënnerwee sinn.

Wéi vill et der genee sinn, wier net gewosst, mee de Minister huet op seng Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk am Februar verwisen: do steet, datt d'lescht Joer 535 physesch Persounen deklaréiert hunn via digital Plattform ze liwweren. Bal esou vill ewéi déi 4 Joer virdrun an duebel esou vill ewéi 2024.

Back to Top
CIM LOGO