Military Challenge 202638 Ekippen hu sech um Stauséi gemooss

Ryck Thill
De 17 Kilometer laange Parcours ass net just ronderëm de Stauséi gaangen, mee och duerch de Séi.
Military Challenge 2026
De 17 Kilometer laange Parcours ass net just ronderëm de Stauséi gaangen, mee och duerch de Séi.

Laanscht de Stauséi war et en Donneschdeg sportlech. Beim "Military Challenge 2026" sinn am Ganzen 38 Ekippen un de Start gaangen, 27 vun der Lëtzebuerger Arméi. Mat dobäi war awer och d'Police, d'Douane an Zaldoten aus der Belsch an aus Frankräich.

De 17 Kilometer laange Parcours ass net just ronderëm de Stauséi gaangen, mee och duerch de Séi. Direkt um Ufank goung et mat enger 110-Meter-laanger Zip-Line iwwer d'Waasser. Duerno stoung klammen um Programm.

D'Lëtzebuerger Arméi huet de Military Challenge dëst Joer scho fir déi 13. Kéier organiséiert. Fir datt et net langweileg gëtt, gëtt de Parcours all Joer weiderentwéckelt a mat neien Epreuve méi usprochsvoll gemaach. Ee vun de spektakuläerste Momenter ass sécher d'Ofseele vun der 30 Meter héijer Bréck zu Lëlz.

Um Enn zielt déi beschten Zäit. Wie Pech hat, huet op de 16 Ateliere Strofpunkte gesammelt. Fir all Strofpunkt huet d'Ekipp dann um leschten Atelier missen zousätzlech Aufgaben erfëllen.

Fir an d'Zil ze kommen, brauch et Ausdauer, Technik an dee richtegen Teamgeescht. E klengen Avantage haten dobäi déi Ekippen, déi de Military Challenge schonn aus de Jore virdru kannt hunn. Si woussten, wéi si hir Kraaft iwwer déi 17 Kilometer am beschte kënnen andeelen.

Back to Top
CIM LOGO