
Um kuerz virun 11 Auer krut zu Perl en Automobilist e Bam ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Um 11:38 dunn koum et zu engem Accident mat engem Auto op der Cloche d'Or, eng Persoun gouf blesséiert. Kuerz virun hallwer 2 en Donneschdeg de Mëtteg koum et dann um CR134 och zu engem Accident mat engem Auto, och hei gouf ee Blesséierte gemellt.
En accidentéierten Auto gouf et dunn um 14:20 Auer um CR364 tëscht Beefort a Bäerdref. De CGDIS mellt hei zwee Blesséierter. Op der RN27 tëscht der Boukelser Millen an dem Heischtergronn koum et puer Minutten drop zu engem Motosaccident, och hei ass eng Persoun verletzt ginn.
Ëm déi selwecht Zäit ass en Automobilist mat sengem Gefier zu Lénger accidentéiert, d'Rettungsekippe mellen zwee Blesséierter. Änleche Virfall um CR185 tëscht Neihaischen a Mënsbech, eng Persoun gouf verletzt.
Zwou blesséiert Persoune ginn nach zu Péiteng gemellt, dat um 16:43 Auer. Hei hate sech en Auto an e Moto ze pake kritt.
Eng Persoun gouf dann och bei engem Brand op der RN21 tëscht Mäerzeg a Nidderfeele blesséiert, Geschitt ass dat um kuerz virun hallwer 4 en Donneschdeg am Nomëtteg. Ronn eng Stonn virdrunn hat et op der RN12 och gebrannt, hei ass kengem Mënsch eppes geschitt.