CGDIS-BulletinZwou Persoune bei zwee verschidden Accidenter blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum 112 waren e Mëttwoch den Owend op een Accident tëscht Veianen a Furen an een Accident zu Colmer-Bierg geruff ginn.
© Laurent Weber / RTL

Op der N17 tëscht Veianen a Furen war et kuerz virun 21.30 Auer zu engem Accident komm, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. Dee Blesséierte gouf vum Samu-Noutdokter vun Ettelbréck versuergt. Donieft waren d’Rettungsdéngschter vu Veianen a vum Zenter Nordstad op der Plaz.

D’Ambulanciere vum Zenter Nordstad goufen ausserdeem kuerz virun 2 Auer en Donneschdeg an der Nuecht zesumme mat de Pompjeeë vu Colmer-Bierg an d’Ettelbrécker Strooss zu Colmer-Bierg geruff, nodeems et och hei zu engem Accident mat engem Blesséierte komm war.

Back to Top
CIM LOGO