Op SilvesterZwou Persoune no Abroch an en Appartementshaus verhaft

RTL Lëtzebuerg
Um Silvester-Owend hat sech e Mann bei der Police gemellt, well hie Geräischer baussent engem Appartementshaus respektiv am Keller vun dësem héieren hat.

Eng Patrull vun der Polise ass op d’Plaz gefuer an d’Beamten hunn de Gaart an de Keller vum Gebai no engem méiglechen Täter duerchsicht. Schliisslech hu si e verdächtege Mann fonnt an dësem Handschellen ugedoen. Op der Sich no engem méigleche Kompliz ass de Beamten dann e Raschelen an den Hecken opgefall. Kuerz drop huet e weidere Mann versicht, vun der Plaz ze flüchten.an iwwert den Drot vum Terrain ze klammen. Hien ass allerdéngs stoe bliwwen, wéi d’Beamten hien dozou opgefuerdert hunn.

Béid Männer goufen als éischt mat op de Policebüro geholl a koumen duerno op Uerder vum Parquet an Untersuchungshaft.

Iwwerdeems gouf an der Nuecht op dat neit Joer an Haiser zu Kruuchten, zu Contern an zu Holzem agebrach. An deenen dräi Fäll goufe Wäertgéigestänn geklaut. D’Spueresécherung vun der Police gouf allkéiers op d’Plaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO