Allkéiers Alkohol am SpillZwou Persounen hu sech ëffentlech de Batti gestallt a koumen an Arrest

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, hu si e Méindeg den Owend missen an den Asaz, well zwee Männer sech am Garer Quartier net méi am Grëff haten.
© RTL Archivbild

Ugefaange kuerz no 20 Auer, do ass d’Police no enger Zeienausso op d’Stater Place de la Gare gefuer. E Mann wier do mat enger Matraque ënnerwee a géif Foussgänger belästegen. Den offensichtlech alkoholiséierte Mann koum an Arrest.

Méi spéit da géint 21 Auer krut d’Police e Mann an der Rue Adolphe Fischer gemellt, deen do um Buedem géif leien. Dësen huet eng Patrull och entdeckt, hien hat nawell vill gedronk a wier a sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer. Och hie koum an Arrest.

A béide Fäll gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO