Relais pour la vieOch bei der 21. Editioun gëtt sech zesumme géint de Kriibs beweegt

Christophe Hochard
Schonn zanter 2006 gëtt fir de gudden Zweck gelaf, getrëppelt oder sech beweegt.

Dëse Weekend ass et déi 21.Editioun vum Relais pour la Vie an der Arena vun der Coque. Zejoert hate 15.000 Leit drun deelgeholl an et koumen iwwer eng Millioun Euro zesummen. De Relais gëtt all Joers vun der Fondation Cancer organiséiert an et geet drëms, datt d’Participantë lafen, trëppelen oder sech einfach beweege fir de gudden Zweck.

546 Ekippen huelen dëst Joer deel an engagéiere sech. Vill Firmen aus den ënnerschiddlechste Beräicher sinn an der Arena vun der Coque vertrueden. Wei all Joers goung et lass mat ganz emouvanten Temoignage vu betraffene Mënschen. Ënner anerem Hoffnung a Solidaritéit soll de Relais pour la Vie ausdrécken.

Och de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie ware fir d’Ouvertureszeremonie an der Hal. Héngerhaut huet ee gespuert, ewéi d’Leit, déi de Kampf géint de Kriibs gewonnen hunn, zesumme mat hire Familljen a Frënn mat enger Rous am Grapp iwwert d’Lafpist getrëppelt sinn. Deen Ament gouf vill an d’Hänn geklappt.

Emotional gëtt et nach eemol e Sonndeg am Nomëtteg. Géint 17 Auer ass d’Zeremonie vun de Bougien. Dann gëtt sech un déi Leit erënnert, déi duerch hir Krankheet gestuerwe sinn.

De Relais pour la Vie gouf 2006 eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg organiséiert. D’Iddi kënnt aus den USA

Back to Top
CIM LOGO