An de Kannaniuuss dës WochD'Oscaren, Walen am Chile a mir léieren den Youssef a säin Hobby kennen

Lea Schwartz
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 22. Mäerz 2026
D’Oscaren, Walen am Chile a mir léieren den Youssef a säin Hobby kennen

Mir beschäftegen eis dëes Woch nach eng Kéier mat den Oscaren, engem Filmpräis, deen et an Amerika gëtt. Mir erklären, wat de St. Patrick´s Day ass a wat deen Dag mat der Faarf gréng ze dinn huet. An da reese mer kuerz bis an de Chile. Virun der chileenescher Küst sinn am Fréijoer ganz vill Finnwalen ënnerwee. Si fannen do vill friessen, mee et ginn och vill Gefore fir déi spektakulär Déieren. Apropos Déieren, mir kréien och een Abléck an den Training vun der Hondsstaffel vun der Lëtzebuerger Police.

An zum Schluss léiere mir an eisem Reportage nach de Youssef kennen, hien hellt eis mat Karting fueren an erzielt eis, wéi et dozou komm ass, dass hie Karting fiert a wat him doru gefält.

Dat alles also an enger neier Episod vun de KannaNiuuss. All Sonndegmoie kuerz virun 9 an 19h op der Tëlee an ab dann och zu all Moment am RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO