Schwäiz: lount Iech e Mierschwéngchen

An der Schwäiz ass et verbueden, Mierschwéngercher, déi vun Natur aus Ruddel-Déiere sinn, eenzel ze halen. Ma wat maache, wann eent vun den Déiere stierft?
Well ee nom neie Gesetz an der Schwäiz Mierschwéngercher net méi eenzel halen dierf, mussen d'Leit sech d'Déieren a Koppele kafen. Ma well et zimlech seelen ass, dass di Mierschwéngercher och genee d'nämmlecht al ginn, wier dat en Däiwelskrees, an deem een ëmmer erëm en neit Mierschwéngche nokafe misst.
D'Léisung vun dësem Problem huet sech d'Schwäizerin Priska Küng zum Optrag gemaach: Si bedreift eng Partnervermëttlung fir Mierschwéngercher, deenen hire Partner verstuerwen ass. Ronn 80 "Meersäulis", wéi d'Déieren do och genannt ginn, huet d'Fra an hirer Ziichterei zu Hadlikon, engem klengen Duerf, net wäit vun Zürich.
Well d'Schwäiz den 1.September hiert Reglement fir d'Hale vun Hausdéieren esou verschäerft huet, dass een d'Mierschwéngercher just nach a Koppelen halen dierf, ass de Service vun der 41 Joer aler Ziichterin ëmmer méi gefrot. Ma d'Priska Küng bezeechent de Service als Hobby, deen net wierklech vill abréngt: 50 Schwäizer Frang freet di haaptberufflech Léierin fir e kastréierte Männchen, 60 fir e Weibchen. D'Präiser sinn eng Zort Pfand, well d'Leit an der Regel d'Halschent vun hire Suen zeréckkréie, wa se d'Déier erëmbréngen, sief dat no e puer Wochen oder och e puer Joer. Ma et soll och scho virkomm sinn, dass Mierschwéngercher guer net méi zeréckkomm sinn, well di nei Besëtzer sech esou un se gewinnt haten, dass se hinnen erëm en neie Partner dobäi kaf hunn.
D'Priska Küng ass Präsidentin vun der IG Meerschweinchen, engem vun den 3 Schwäizer Mierschwéngercher-Zuchtveräiner a bedreift d'Ziichterei haaptsächlech aus Léift zu den Déieren. Si betount, dass een oppasse muss, dass d'Déieren op kee Fall zu engem Wanderpokal ginn: Wann en Déier eemol ausgeléint ginn ass, da bleift et dono fir de Rescht vun der Zäit bei der Ziichterin selwer oder op enger anerer definitiver Plaz.
Bis ewell war de Service nach relativ onbekannt an et sinn 2-3 Ufroen d'Woch agaange. Zanter d'Medien awer vun der Iddi beriichten, gëtt se ëmmer méi populär an och aner Ziichter bidden de Service un. Beim Priska Küng ginn mëttlerweil vill ze vill Ufroen eran, esou dass si de Site www.leihmeerschweinchen.ch an d'Liewe geruff huet, op dem se op aner Adresse vu Leit verweist, di dee selwechte Service ubidden.