Zu Roum kann een elo duerch e Gank ënner dem Kollosseum goen
Och no iwwer 2.000. Joer gëtt et am Kollosseum nach eppes Neies ze gesinn. Zu Roum ass en neien ënnerierdesche Gank opgaangen.
Et kann ee sech elo selwer fille wéi e Keeser vun deemools. Mir schwätzen hei vum 1. Joerhonnert no Christus. Eng knapp 2.000 Joer méi spéit kënnen och Visiteuren dëse Passage am Kollosseum bewonneren.
D'Barbara Nazzaro, Responsabel vun der Restauratioun, erkläert, firwat dëse Gank deemools gebaut gouf:
"Dëse Gank gouf an d'Fundament gebaut. No der Aweiung vum Kollosseum ass hinnen agefall, dass se nach en ënnerierdesche Passage wéilte bauen, fir dass d'Keeser an de Kollosseum erakommen, ouni mam Public a Kontakt ze trieden. Dësen ass ganz besonnesch, well se hu missen an déi haart Steng vum Fundemant erabauen. Dat war net einfach."
Benannt gouf dëse Gank nom Commodus. Dee gouf virun allem duerch de Film "Gladiator" bekannt. Ob dee jeemools hei gekämpft huet, ass awer net gewosst.
"Wéi dëse Passage um Enn vum 19. Joerhonnert entdeckt gouf, war et kloer, dass dëse Korridor no him benannt géif ginn. Der Legend no huet nämlech ee probéiert, hien do ëmzebréngen. Et war an der Zäit immens schéin dekoréiert mat Marber a Fresken. De Visiteur kann dat elo op eng virtuell Aart a Weis erliewen."
D'Restauratiounsaarbechten, déi am September ofgeschloss goufen, waren net einfach, well de Passage relativ fiicht war. D'Aarbechte wieren och u sech ni ganz fäerdeg, et misst een ëmmer weider dru schaffen, dass et net zerfält. Och wann ee scho mol am Kollosseum war, ass dëse Passage sécher e Grond, dat historescht Bauwierk eng weider Kéier vu bannen ze erliewen. Vum 27. Oktober un ass de Commodus-Gank fir de Public op.