Intervalllafen an der Stad
Et ass eng Iddi, déi ass net nei. A warscheinlech vill méi al, wéi déi meescht vun eis mengen.
Deen éischte Running Club gouf et schonn am 19. Joerhonnert zu London. Hautdesdaags ass et eng weltwäit Beweegung ginn. E Grupp Leit treffe sech, fir zesummen ze lafen. An dobäi steet et fir sou vill méi. Et léiert een nei Leit kennen an et deelt ee mat hinne seng Passioun an och seng Motivatioun.
Hei zu Lëtzebuerg kommen där Running Clubben och ëmmer méi op. Zanter Ufank vum Summer gëtt et een, dee sech op Intervalltraininge fokusséiert. All Méindenowend um 18.30 Auer geet et lass. Zanter Juni gëtt et den Omonia Running Club. Am Ufank an zum Schluss ginn ëmmer zwee Kilometer a ganz luesem Tempo gelaf, bis dass se op der Plaz ukommen, wou d‘Intervalle gemaach ginn. Beim Intervalllafe geet et drëms, ofzewiesselen tëscht séierem Tempo an dann nees méi lues. Et hëlleft Leefer, sech weiderzëentwéckelen, a well am Krees gelaf gëtt, kann och vun all Niveau jidderee matmaachen. An dat géing si ënnerscheeden zu anere Clibb. E Maximum u Leefer gëtt et net an et brauch ee sech weder unzemellen, nach muss een eppes bezuelen, fir matzemaachen.