Déi norweegesch Kierch huet sech offiziell wéinst dem Onrecht, wat een der LGBTQ-Communautéit wärend Joerzéngte gemaach huet, entschëllegt.

"Déi norweegesch Kierch huet den LGBTQ-Mënschen Schan, schwéier Schied a Péng zougefüügt", esou den héchste Bëschof an der norweegescher Kierch Olav Fyske Tveit en Donneschdeg an engem bekannte Schwuleclub zu Oslo. "Dat hätt ni passéieren dierfen, dofir soen ech haut: Et deet mir wierklech leed".

Déi norweegesch Kierch huet ronn 3,4 Millioune Memberen, wat ronn 60 Prozent vun der Populatioun ausmécht. De Bëschof huet zouginn, datt duerch déi erlidden "Diskriminéierung, ongläich Behandlung a Schikane" verschidde Memberen dem Glawen de Réck gekéiert hunn.

An den 1950er Joren huet déi evangeelesch-lutheresch ausgeriicht Kierch Homosexueller als "global sozial Gefor" bezeechent an hir Handlungen als "pervers a fir ze veruechten" aklasséiert. Am Laf vun der Zäit ass hiren Usaz awer méi liberal ginn. Zanter 2007 sinn homosexuell Paschtéier zougelooss an zanter 2017 sinn och reliéis Bestietnisser fir gläichgeschlechtlech Koppele méiglech.

Déi norweegesch Vereenegung fir Geeschtlecher a sexuell Villfalt huet d'Entschëllegung als "wichteg" bezeechent a gesot, si géif Kraaft ginn. Awer mam Bléck op d'Aids-Epidemie, déi vun der Kierch jo als "Strof vu Gott" bezeechent gouf, war et d'Ausso, datt dës Excuse "fir déi vun eis, déi un Aids gestuerwe sinn, ze spéit" koum.

De Schwuleclub "London Pub", an deem de Bëschof seng Excuse geäussert huet, war wärend dem Pride-Festival zu Oslo 2022 Zil vun enger islamistescher Terrorattack mat zwee Doudegen an néng Blesséierten. Den Täter, en Norweeger mat iraneschen Originnen, sëtz wéinst engem "schwéieren Terrorakt" 30 Joer am Prisong. Säin Zil awer et dem Urteel no, "esou vill Homosexueller wéi méiglech ëmzebréngen an LGBTQ-Persounen am Allgemengen Angscht ze maachen".

Enger Ëmfro no, déi déi norweegesch Kierch gemaach huet, fanne 65 Prozent vun de Befroten et "héchst Zäit", datt sech d'Ariichtung bei homosexuelle Mënschen entschëllegt. Aner protestantesch Kierchen hunn an de leschte Joren eng änlech Entschëllegung ausgeschwat, dorënner och déi anglikanesch Kierch an d'Kierch a Kanada.