Veggie-Produite sollen net méi "Wurscht", "Burger" oder "Steak" heeschen

© Photo by Lageat Perroteau / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
D'EU wëll Begrëffer wéi "Wurscht", "Burger", "Schnitzel" oder "Steak" verbidden, wann et sech net just ëm reng Fleeschproduite handelt.
Verschidde Begrëffer soll een nach just dierfen notzen, wann och Fleesch am Produit verschafft ass. 355 vun den Europadeputéierten hunn leschte Mëttwoch fir dëse Verbuet gestëmmt, 247 waren dogéint. D'Propos war vun de rietse Parteie komm, fir eben Begrëffer wéi "vegetaresch Wurscht" ze verbidden. Et wëll een domadder verhënneren, datt et zu Verwiesslunge mat Produiten, an deene Fleesch verschafft ass, kënnt.
Nach awer ass dës Decisioun nach net duerch, well elo muss d'Thema nach an de Parlamenter vun de 27 Memberstaate verhandelt ginn. Mä déi grouss Fro ass hei, wat hält de Bierger, also och Dir alleguerten, vun dësem Schratt vun der EU.
D'Resultater vun eiser Ëmfro fannt der och e Méindeg den Owend am Magazin.