Neie RekordDe schiifsten Tuerm vun der Welt steet... net zu Pisa

RTL Lëtzebuerg
Wie mengt, an Italien mussen ze fueren, fir de schiifsten Tuerm weltwäit ze gesinn, iert sech. E kuerzen Ausfluch a Rheinland-Pfalz geet nämlech duer.
© AFP/MIGUEL MEDINA

Mat enger Schréi vu 5,4277 Grad ass den Tuerm an der Gemeng Gau-Weinheim am Landkrees Alzey-Worms zanter dësem Sonndeg offiziell de schiifsten op dësem Planéit. Confirméiert gouf dëse Rekord mat engem Zertifikat vum “Rekord-Institut für Deutschland”.

Domat léist den Tuerm a Rheinland-Pfalz den ale Rekordmeeschter am ostfriesesche Suurhusen of. Bei dësem gouf eng Schréi vu 5,19 Grad gemooss. De schifen Tuerm vu Pisa kënnt dogéint, wéi et vum däitsche Rekord-Institut heescht, op net emol 4 Grad, fir genau ze sinn 3,97 Grad.

Och wann de schifen Tuerm vu Pisa wuel de bekanntsten an där Kategorie ass, gëllt en zanter 2007 net méi als de schiifsten op der Welt. No der Toskana war Suurhusen 15 Joer laang Rekordmeeschter, éier den Titel lescht Woch u Gau-Weinheim goung, ronn zwou an eng hallef Stonn vu Lëtzebuerg ewech.

Back to Top
CIM LOGO