De Prof. Dr. Christian Montag schwätzt iwwer d'Risike vum Handykonsum fir Kanner ënner 12 Joer.

Keen eegenen Handy méi hunn - genee dat fuerdert de Psycholog Prof Dr. Christian Montag fir Kanner ënner 12 Joer. Enn Februar war de Fuerscher bei "Stern TV" zu Gaascht. Do huet hie mat senger Fuerderung fir vill Diskussioune gesuergt, och bei den anere Gäscht déi do waren.

Op Nofro vun RTL huet de Christian Montag vun der Universität Ulm erkläert, firwat hien en eegenen Handy fir Kanner ënner 12 Joer net recommandéiert:

"In der Kindheit sollte das Ausleben der Grundbedürfnisse wie nach ausreichend Spielzeit (nicht Gaming) und Entdecken der Welt mit allen Sinnen im Vordergrund stehen. Smartphones üben durch viele Spiele-Apps und leider dem teils verfrühten Umgang mit Social Media eine große Faszination auf junge Menschen aus, die schnell in einem Zuviel an Online-Zeit münden kann, wobei dieses Zuviel wiederum auf Kosten der wichtigen Entwicklungsaufgaben geht."

Och den Zougang zu net altersadequaten Inhalter wéisste Kanner an deem Alter nach net richteg ze kontrolléieren.

Dobäi betount de Wëssenschaftler, dass et him net ëm ee radikaalt Handyverbuet geet. Hie fënnt et gutt wa Kanner ënner 12 Joer zesumme mat den Elteren, op dësen hirem Handye geléiert ginn, no an no räsonabel mat der Onlinewelt ëmzegoen.

Ee Gesetz wat de Besetz vum Handy fir Kanner ënner 12 Joer verbitt, wäert et warscheinlech net esou schnell ginn. D’Eltere mussen also selwer decidéieren, wat am beschte fir hir Kanner ass.

An der Sendung haten haten déi aner Invitéen iwwerdeems aner Meenungen. D’Ramona Atanda-Wulf, Mamm vun dräi Kanner, huet fonnt, dass ee Liewen ouni Handy fir Kanner hautdesdaags net méi méiglech ass. Si solle mat hire Kolleege kommunizéiere kënnen. Och am Noutfall wier et wichteg, dass d’Kanner an d’Eltere sech géigesäiteg erreeche kënnen.

De Joe Bausch, fréiere Prisongsdirekter, war och um Gespréich bedeelegt. Hien huet dem Psycholog Christian Montag Recht ginn an huet op Iwwergewiicht bei Kanner, déi ëm 40% an d’Luucht gaangen ass, opmierksam gemaach. Dëst, an dass Depressioune bei Kanner a Jugendlechen och ëmmer méi heefeg ginn, sëtzt de Christian Montag domat a Verbindung, dass Kanner onkontrolléiert den Handy benotzen dierfen. Och d’Suchtgefor vum Handy wier bei Kanner extrem héich a géif oft ënnerschat ginn.

Handysgebrauch zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass de Gebrauch vum Handy an der Primärschoul iwwert ee Règlement grand-ducal gereegelt. Den Handy muss net just wärend dem Kuer ausgeschalt sinn, mee iwwerall am Schoulgebai an och an de Pausen. All Schoul huet d’Méiglechkeet am Règlement d’ordre intérieur zousätzlech Reegelen opzestellen.

Vu dass Handyen an eiser digitaliséierter Welt net méi ewech ze denke sinn, mécht den Educatiounsministère et sech zur Aufgab, d’Elteren op e verantwortungsvolle Notzen ze "sensibiliséieren, ze guidéieren an ze begleeden".

An deem Kader huet den Educatiounsministère mat "Bee secure" zesumme geschafft an entspriechend Informatiounsmaterial ausgeschafft.