
© AFP Archivbild
E brittesche Verlag huet d'Kannerbuch-Klassiker vum verstuerwenen Auteur Roald Dahl sproochlech ugepasst. Dëst suergt allerdéngs fir Kritik.
En Donneschdeg huet de Verlag "Puffin Books" gemellt, dass op d'mannst 19 Wierker vum britteschen Auteur Roald Dahl, deen 1990 gestuerwen ass, no Berodunge vun de sougenannte "Sensitivity Readers" iwwerschafft goufen. Betraff si virun allem dräi weltbekannte Wierker "Charlie und die Schokoladenfabrik", "Matilda" an "Hexen hexen".
Nei ass dëst net. Ëmmer méi Verlagen a Groussbritannien decidéieren a Kooperatioun mat externe Beroder, d'Texter op verletzend oder mëssverständlech Formuléierungen iwwerpréiwen ze loossen. Och an dësem Fall huet de Verlag drop verwisen, dass Liesgewunnechten an d'Goûte sech verännert hätten. An deem Sënn hätt een den Text nëmme liicht ugepasst.
Wéi den "Telegraph" gemellt hat, wieren et Honnerten Ännerungen.
Geschlechtsneutral Begrëffer
Virun allem betraff si Passagen, déi sech op d'Gewiicht, psychesch Gesondheet, Geschlecht oder Nationalitéit bezéien. Esou goufen zum Beispill Wierder wéi "ellen" oder "fett" duerch "ëmfangräich" ersat. Donieft goufen deels méi geschlechtsneutral Begrëffer benotzt. Och d'Wuert "bestialesch" soll gewiesselt gi sinn.
Medieberichter no soll et awer och méi drastesch Ännerunge ginn. E Passage iwwer d'Glatze vun Hexen, déi mat Parécke verstoppt ginn, erkläert elo, dass et vill Grënn géif, wisou Frae Parécken undinn, an dass dorun näischt auszesetze wier. Et géifen och keng "kleng Männer" méi hiert Onwiesen an der Schockelasfabrick dreiwen, mä "kleng Leit".
D'Kritik gëtt méi grouss
Nieft PEN America an dem brittesche Premier Rishi Sunak huet sech och de Salman Rushdie op Twitter kritesch geäussert. "De Roald Dahl war keen Engel, awer dat do ass absurd Zensur. Puffin Books an den Dahl-Vermächtes solle sech schummen."
Seng Kannerbicher si beléift, e puer goufen och verfilmt, ma onbestridden ass de Personnage Roald Dahl net. Literaturkritiker bezeechnen hien als fraefeindlech a rassistesch. Hie soll sech souguer ëffentlech zum Antisemitismus bekannt hunn. An dësem Fall geet et awer ëm déi kënschtleresch a skurril Wierker vum Dahl, seng eegen onverwiesselbar Handschrëft, Iwwerdreiwungen a magesch Welten.