Honnerte Leit hu sech um Rosenmontag zu Tréier als Clown verkleet, dat fir en offizielle Weltrekord-Versuch. D’Zil war et, déi gréisste Versammlung vu Clownen an Däitschland z’organiséieren an domat en Antrag beim Rekord-Institut fir Däitschland (RID) ze erreechen.
Op d’mannst 708 Participanten hu missen zur selwechter Zäit fir eng Gruppefoto zesummekommen, fir den aktuelle Rekord vu 707 Clownen aus Neuberg an Hessen ze iwwerbidden. Eng offiziell Confirmatioun vum RID, dass de Rekord gebrach gouf, steet nach aus.
D’Aktioun war virum Start vum traditionellen Ëmzuch vu Rosenmontag um 11.11 Auer bei der Benediktiner-Abtei St. Matthias. Vun 10 Auer un hu sech d’Participante versammelt, um 10.30 Auer goufe si offiziell gezielt a fotograféiert.
Viraussetzung fir d’Wäertung war, datt all Participanten op d’mannst fënnef Minutten zesumme fir d’Foto poséieren. Fir d’Unerkennung vum Rekord goufen et awer och kloer Kostüm-Viraussetzunge vum RID: Néideg waren eng Clownen-Nues oder entspriechend Schmink am Gesiicht. Donieft hunn d’Participante missten däitlech als Clown erkennbar sinn, zum Beispill duerch faarweg Kleedung, Perrécken, Hitt oder aner typesch Accessoiren.
Organiséiert gouf de Rekord-Versuch vum Veräin “Nestwärme”, dat zesumme mat der Firma “Clownburg”, déi Sprangschlässer verléinen.